Info-Owend Smart Home an Energie-Monitoring

Réischt wann een e Gefill huet, wou Energie benotzt gëtt, kann ee wëssen wou et Sënn mécht, ze spueren. Mir kucken, wéi Smart Home funktionéiert, a wéi et eis hëllefe kann, de Konsum ze moossen a bildlech duerzestellen. Sou kënne mer eise Bedarf iwwerdenken an de Solarstroum optimal notzen.

Iwwerdeems kann Automatisatioun hëllefen, Ressourcen ze spueren. Dofir brauch ee keng sophisitiquéiert Informatik-Kenntnesser, just e puer Grondlagen. Et ginn fäerdeg Geräter, déi engem dat ofhuelen, an déi awer horrend deier sinn. Alternativen am Do-it-Yourself sinn awer do: Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn säit enger gudder Zäit passionéiert am Thema Smart Home an Home Assistant amgaang an hunn eeneges u Wëssen ugesammelt - dat si gären op dësem Info-Owend weiderginn. Wéi kann ech mäin Auto just mat Solarstroum lueden? Wéini gëtt et am bëllegsten, d'Spullmaschinn lafen ze loossen?

Si weise praktesch, wéi dës Systemer funktionéieren a stelle sech gären mat Iech weider Froen.

Dësen Info-Owend ass an der Serie Info-Owender zum Thema Nohaltegkeet an Naturverbonnenheet; ënnert anerem als Uschloss un d'Thema Solarenergie an Energiespäicher an och am Virfeld vum Owend zu Low- an Energy-Architektur (21.6.).

Umeldung an Info: [email protected]

Mam: Olivier Koos a Lynn Bayer

Nützliche Informationen

Adresse

ErwuesseBildung
5 av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Preise

Info-Owend Smart Home 0 €

Karte

Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!

Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.

https://www.echo.lu