18425_main

Nikki Ninja & Afrobeathoven

Nikki Ninja & Afrobeathoven

D’Nikki huet eng ganz besonnescht Superkraft: hatt spillt mat der Sprooch! D’Nikki, e ganz normaalt Meedchen, erzielt immens gäre vu sengen Erliefnisser an de Stroossen vu Räppeldeng. Räppeldeng? Jo, Räppeldeng, dat kléngt léift Duerf matzend an der Mëtt vu Lëtzebuerg! Do ass et nach schéin a rouëg a gemittlech, oder? Do kann een sech zwar mol gewalteg ieren, well wann d’Nikki mat senger Clique lassleet, sech an d'Nikki Ninja verwandelt a seng Geschichten zielt, da rabbelt et! D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond, an et reent Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng. Sei Flow ass witzeg an éierlech... einfach nëmme Ninja. Wuertspiller, wéi een se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déi ënner d’Haut ginn... D’Nicole Bausch, den Dennis Scholtes, de Pol Belardi & Afrobeathoven hunn sech ënnert der Regie vum Dan Tanson zesumme gedoen, Hiphop mat Jazzmusek an aaler Boom-bap Manéier zesummen ze bréngen, an esou Hip-Hop Kannergerecht zougänglech ze maachen.


Additional information: Konzert vu 50 min Fir Kanner vu 7-9 Joer


Line-Up:

Konzeptioun: Nicole Bausch & Dan Tanson

Musikalesch Direktioun: Pol Belardi

Mise en scène: Dan Tanson

Visuals: Sascha Di Giambattista (Première année BTS Animation, Lycée des Arts et Métiers - Zeichentrick)

Kostüm: Alexandra Lichtenberger (Charel Stoltz - Holtz Studio, Recording + Mastering)

Main organiser(s): neimënster Other organiser(s):

Production: Trifolion, Escher Theater

Soutien: Fondation Sommer /Artistes Associé.e.s, Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Nützliche Informationen

Adresse

neimënster - Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
28 rue Münster
L-2160 LUXEMBOURG

Wann

Sonntag 11.12.2022
16H00 - 17H00

Preise

Ticket tarif normale 12 €
Ticket tarif réduit 6 €
Ticket Kulturpass 1.5 €

Telefon

Karte

Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!

Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.

https://www.echo.lu