Ëmweltdeeg 2023

En Dënschden 13., 20. a 27. Juni invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung all Interesséierte jeweils vu 18:30 bis 20:00 Auer an den 'natur musée' op déi 3. Editioun vun den Ëmweltdeeg.


Jiddereen dee méi iwwert eis Ëmwelt gewuer wëll ginn, ass hei genau richteg. Dräi Owender voll mat flotte Projeten, neisten Entwécklungen an interessanten Diskussiounen bei uschléissendem Patt.


Programm:


13. Juni - Waasser a Gewässer

  • D’Drénkwaassergesetz
  • D’Renaturéierung vun der Péitruss & Uelzecht
  • (um 17h30 virun der Konferenz) Visite guidée vun der Expo "Wëll Orchideen vu Lëtzebuerg"


20. Juni - Loft a Kaméidi & Buedem a Ressourcen

  • Loftqualitéit : Bilan an aktuell Étuden
  • D‘Offallgesetz
  • (um 17h30 virun der Konferenz) Visite guidée vun der Expo "Wëll Orchideen vu Lëtzebuerg"



27. Juni - Bësch a Biodiversitéit

  • Kompenséierungen
  • Biodiversitéit / Natura 2000 & Bedrohten Arten zu Lëtzebuerg
  • (um 17h30 virun der Konferenz) Visite guidée vun der Expo "Wëll Orchideen vu Lëtzebuerg"


D'Konferenz gëtt op Lëtzebuergesch gehalen. Simultan-Iwwersetzungen op Franséisch an Englesch ginn assuréiert.


Mellt iech iwwer [email protected] fir 1, 2 oder 3 Owender un.

Nützliche Informationen

Karte

Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!

Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.

https://www.echo.lu