Café Terminus

Et ass Krich. Oder Kris. Op alle Fall gëtt et Problemer zu Lëtzebuerg. D’Situatioun huet sech esou zougespëtzt, dass e puer komesch Leit sech an en alen, liicht delabréierte Café, de Café Terminus, zréckgezunn hunn, aus Angscht virum Dobaussen, aus Angscht virun der Zukunft.

 

Mir sinn am Joer 2039. Lëtzebuerg feiert seng 200 Joer Onofhängegkeet trotz dem Chaos, deen op de Stroossen herrscht. D’Gäscht vum Café Terminus feieren awer net mat. Si liewen an hiren Dreem, an hiren Illusiounen, diskutéieren, debattéieren, streiden, laachen an drénke méi, wéi erlaabt ass. Dës kleng, protegéiert Welt kënnt op deem Dag un d’Wackelen, wou den Hary, Patron vum Bistro, säi ronne Gebuertsdag feiert. Alles ass op eemol anescht, de Krich oder d’Kris, déi bis elo jüst dobausse waren, brieche mat vollem Karacho an de Café Terminus eran...

Mat Café Terminus huet de Frank Hoffmann eng poetesch Dystopie vun eisem Land entworf. Den Text verschafft op eng fräi Manéier Motiver aus dem Stéck The Iceman Cometh vum amerikaneschen Dramatiker Eugene O’Neill. Café Terminus, e Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht, ass mat wonnerbare Schauspiller a Musiker besat.

Den Undrang d’lescht Joer war immens. Fir all déi, déi deemols keng Plaz am Café Terminus kruten, geet de Café nach eng Kéier an der neier Saison op. Mat neiem Glanz a mat den ale Lidder.

Visionnaire, révolté, clairvoyant, Frank Hoffmann ausculte la société et la dépoussière. Zeitung vum Lëtzebuerger Vollék

Eigentlich würde man sich am liebsten zu den Schauspielenden an den Tisch setzen und mittrinken. Luxemburger Wort

Nützliche Informationen

Karte

Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!

Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.

https://www.echo.lu